Volleyball: Stroossener Hären a Walfer Damme wannen d'Coupe

Volleyball: 3:2 gewënnt d'Residence vu Walfer an der Coupefinale géint d'Gym Bouneweg. Och bei den Häre goung et iwwer 5 Sätz, um Enn wënnt Stroossen.
Déi éischt 2 Sätz konnt d'Gym mat 25:17 a 25:20 fir sech entscheeden.
Am 3. Saz koum d'Residence zeréck an de Match a konnt dëse Saz mat 25:19 fir sech entscheeden.
D'Partie war definitiv nei lancéiert. D'Residence huet gekämpft an huet dunn och de 4. Saz mat 28:26 gewonnen.
D'Decisioun ass dunn am 5. a leschte Saz gefall. Dee konnten d'Meedercher vu Walfer mat 15:11 gewannen.
Ähnlech dramatesch war dunn och d'Finale bei den Hären tësche Fenteng a Stroossen.
Fenteng huet den éischte Saz mat 25:23 fir sech entscheet, ma d'Sätz 2 an 3 ware fir Stroossen. Am 4. Saz hunn dunn nees déi Fentenger d'Iwwerhand behalen sou dass d'Decisioun am Tiebreak huet misse falen.
Hei haten déi Stroossener um Enn déi besser Nerven. Si kënnen domat hir Victoire aus dem leschte Joer widderhuelen.