Härevolleyball: Dikrech wënnt éischt Finale géint Stroossen

Éischt Finallen an der Nationaldivisioun: Bei den Dammen wënnt Mamer 3-2 géint Walfer a bei den Hären spillt Dikrech 3-2 géint Stroossen.
An der Relegatioun bei den Dammen verléiert Esch 0-3 géint Iechternach a Bartréng wënnt ouni Problem 3-0 géint Péiténg.
An der Partie ëm déi 3. Plaz wënnt d'Gym 3-0 géint Stengefort.
An der Relegatioun bei den Hären klappt Walfer den FC Bouneweg mat 3-0 a Péiténg verléiert 1-3 géint Luerentzweiler.
An der Partie ëm déi 3. Plaz wënnt Bartréng 3-2 géint Fenténg.
Am meeschte gelies