Stroossen konnt an der 2. Final ganz knapp 3:2 géint Dikrech wannen, sou datt et zu enger 3. an decisiver Final den 23. Mäerz kënnt.

Bei den Damme wënnt Walfer de Samschdeg 3:0 (25:22, 25:22, 25:15) géint Mamer an huet deemno nach eng Chance fir sech de Championstitel ze secheren. An och hei gëtt déi decisiv an 3. Final den 23. Mäerz gespillt.