Plainte vu Greenpeace géint de Jeannot Krecké gouf ugeholl

© Nadine Faber
D’Plainte vun der Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace géint de Wirtschafts- an Energieminister Jeannot Krecké gouf vum Verwaltungsgeriicht ugeholl.
D'Energie-Entreprisen Enovos & Creos ginn als „partie tièrce" zougelooss. Greenpeace fuerdert, dass de Minister der Cegedel hir sougenannte „Netzstudie" publizéiert well doranner wichteg Informatioune wiren iwwert d'Energie-Strategie zu Lëtzebuerg.
De Minister huet bis elo argumentéiert, hie kéint dës privat Etude vun der Cegedel net verëffentlechen.
De 24. September sinn elo nei Plädoyeren um Geriicht.
E puer Deeg drop gëtt sech dan eng Decisioun erwaart.
Am meeschte gelies