Iechternach gewënnt 3:0 géint den Drëtten aus der 2. Divisioun, Fenteng, a bleift domat an der héchster Divisioun.

Bäi den Hären confirméiert de VC Bouneweg seng Plaz an der héchster Divisioun. Am Barragematch zu Walfer gewannen déi Stater 3:0 géint Esch.

Gutt Nouvelle kommen och aus der 2. däitscher Bundesliga. Dem Gilles Braas seng Equipe Coburg/Grub steet no Victoirë géint Niederviehbach an de Volley Youngstars Friedrichshafen nees un der Tabellespëtzt.