D'Hären-Nationalequipe huet e Samschdeg een internationalen Testmatch géint Coburg verluer, dofir awer um Sonndegmoien géint déi nämmlecht Equipe gewonnen.

De Sonndeg de Moien um 11 Auer war zu Walfer den 2. Testmatch tëscht de Volleyballhären an dem Champion aus der 2. däitscher Bundesliga.

No engem spannenden an éischtklassege Match huelen d'Rout Léiwe Revanche fir d'Néierlag vum Samschdeg a wannen 3:2 géint Coburg. An de Sätz: 20-25, 20-25, 25-22, 25-23 a 15-13.

Um Samschdeg war et eng Defaite an 3 Sätz ginn: op 21, 16 an 23.

Coburg ass d'Equipe vum Lëtzebuerger Internationalen Gilles Braas a spillt déi nächste Saison an der Däitscher Bundesliga.

De Gilles Braas huet e Samschdeg awer fir d'Nationalequipe gespillt ...

FLVB-Coburg
D'Lëtzebuerger Volleyball Nationalequipe verléiert am Testmatch vir d'JPEE géint de Verain vum Gilles Braas, VSG Coburg.