Volleyball: D'Lëtzebuerger Damme verléieren um Freideg zu Malta an der éischter Ronn géint d'Schotten, gewannen awer dono géint Malta.

D'Schotte gewannen de Match géint d'Lëtzebuergerinnen an 3 Sätz zu 2 (11-15, 25-22, 22-25, 25-22 an 12-15).

Punktbescht Spillerin fir Lëtzebuerg a vum Match war d'Isabelle Frisch mat 24 Punkten.

De Freideg den Owend um 20:00 Auer stoung fir d'Lëtzebuergerinnen den zweete Match um Programm.

Do hunn d'rout Léiwinne misste géint d'Heemequipe vu Malta untrieden. A nach emol ass et iwwer 5 Sätz gaangen: Mat 20-25, 25-9, 25-17, 17-25 a 15-9 setzen si sech um Enn mat 3-2 duerch.

Mat 18 Punkten wor d'Analena Mach bescht Spillerin vum Match.

Um Samschdeg um 17.30 Auer geet et da géint de Favorit Zypern, dee sech um Freideg 3:0 géint San Marino behaapte konnt.