Um 3.Spilldag am Häre-Volleyball huet Dikrech um Sonndeg 3-0 géint Bouneweg gewonn. De Samschdeg schon haten Bartréng a Stroossen sech behaapt.

Bei den Hären huet Fenteng sech 3-0 géint Stengefort duerchgesat. Stroossen wënnt 3-1 géint Luerenzweiler a Bartreng klappt Walfer mat 3-0.

Bei den Dammen huet Gym sech 3-1 géint Stengefort duerchgesat. Iechternach wënnt 3-2 géint Dikrech. Mamer a Walfer gewannen méi däitlech mat 3-0 géint Péiteng respektiv géint Bartreng.