D'Häre vu Bartreng klappen Bouneweg 3-0. Bei den Dammen wënnt Bartreng och, dat géint Iechternach mat 3-0. Mamer wënnt däitlech 3-0 géint Stengefort.

Bei den Häre huet Fenteng um Samschdeg 0-3 géint Walfer verluer an Dikrech huet Luerenzweiler mat 3-0 geklappt.

E Sonnden huet Bartreng 3-0 géint Bouneweg gewonn (25-17, 25-13, 25-19).
Zënter 18h30 huet Stengefort den Tabellenéischte Stroossen op Besuch.

Bei den Dammen stoung e Samschdeg eng Partie um Programm. Do zitt d'Gym mat 0-3 de Kierzeren géint Walfer.

Um Sonndeg huet Stengefort géint Mamer verluer (0-3). Bartreng spillt um 20 Auer géint Iechternach.