Stengefort-Mamer a Walfer-Bartreng bei den Dammen a Stroossen-Bartreng an Dikrech-Walfer bei den Hären heeschen d´Halleffinallen am Volleyball.

Am Dammevolleyball leie Walfer a Mamer nom 14. Spilldag punktgläich un der Tabellespëtzt. Am direkten Duell konnt sech Walfer um Samschdeg mat 3:2 géint Mamer duerchsetzen.

Een 3:2-Succès gouf et fir d'Gym géint Iechternach a Stengefort klappt Péiteng mat 3:0.

Um Sonndeg huet Bartreng nach 3:0 géint Dikrech gewonnen.

An der Halleffinale spillt elo Stengefort géint Mamer a Walfer kritt et mat Bartreng ze dinn.

Bei den Häre gewënnt Walfer iwwerraschend kloer 3:0 géint Stroossen, Luerenzweiler klappt mam nämmlechte Resultat Stengefort a Fenteng verléiert 2:3 géint Bouneweg.

Um Sonndeg huet Bartreng doheem nach 1:3 géint Dikrech verluer.

An der Halleffinale spillt elo Stroosse géint Bartreng an Dikrech trëfft op Walfer.