De Rick Brooks zitt et zeréck op Lëtzebuerg

De Rick Brooks ass den Ament Trainer an der Slowakei, mä an engem Interview huet hie gesot, et géif hie reizen zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.
Wie kennt en net, den engagéierten amerikanesche Basketstrainer Rick Brooks. Vun 1991 bis 1993 war hie responsabel fir d’Basketschoul vun der FLBB an huet och déi Lëtzebuerger Nationalequipe bei de Spiller vun de klenge Länner op Malta betreit.
Coach zu Ettelbréck an zu Steesel
Déi nächst 3 Joer, vun 1993 bis 1996 ass hie bei d’Etzella vun Ettelbréck gewiesselt. Hei huet hien de Generatiounswiessel vollzunn, an de Grondsteen zu enger ganz erfollegräicher Ettelbrécker Zäit geluecht.
No weidere Statiounen an Italien, Éisträich , den USA an Neiséiland ass de Rick Brooks 2005 erëm zréck an d’Land komm an huet e Kontrakt bei der Amicale Steesel ënnerschriwwen.
Schonn am éischte Joer féiert hien d’Amicale erëm zréck an d’Nationale 1. Och hei setzt hie konsequent op d’Jugend..
« La moyenne d’âge de l’équipe est de 19 ans - steet an der Brochure vum 60. Anniversaire vum Steeseler Basket ze liesen. Ses jeunots sont désormais dirigés par un nouveau guide spirituel, un véritbale gourou qui leur a notamment fait découvrir les vertus du stakhanovisme. »
Genee wéi virdrun zu Ettelbréck huet hien och hei d’Basis fir eng erfollegräich Zukunft geluecht. De Bobby Melcher seet folgendes iwwer säi Coach: „Ech kann nëmme soen, datt ech immens vun him profitéiert hunn. D‘Resultat zu Steesel mat ville jonken Talenter gesäit een och ganz kloer! Et war net ëmmer einfach, well hie wierklech ganz haart ass. Mee ech mengen, dat gehéiert dozou wanns de eng Kéier eppes erreeche wëlls. Ahnung vu Basket huet dee Mann sécherlech! „
Bbc Brooks BasketClub
2008 geet hien an d’Slowakei, do wou seng Fra hier kënnt. Ënnert dem Numm BbcBrooksBasketClubforméiert hie Jugendspiller vu Bratislava. Gläichzäiteg ass hien op verschiddene Camps ënnerwee. An engem Interview seet hien: “I have been doing a lot of camps all over Italy, Morocco, and a lot of the Eastern countries. I have been busy also with working in the schools. “
I would love if we could go back to Luxemburg.
Lëtzebuerg schéngt hien awer faszinéiert ze hunn. Well et zitt hien erëm zréck: “I have a pretty good job now, but I have talked to my wife and if a good situation opens up, we are ready to come back. My son is 10 years old now and I would love if we could go back to Luxemburg.”