D'Halleffinalle sti fest

Keng Changementer um leschte Spilldag vun der Qualifikatiounsronn. Bartreng kritt Hëllef vu Luerenzweiler, mee verléiert selwer knapp.
Bei den Häre stoung um leschte Spilldag just nach d'Fro op ween Tabellendrëtte respektiv Tabellevéierte gëtt an domadder an der Halleffinall géint Stroosse untrieden muss.
Nodeems sech de Véierte Bartreng am fréien Owend knapps mat 2:3 géint Dikrech huet misse geschloe ginn, konnt Walfer géint Luerenzweiler ouni Drock opspillen. Do war et och tabellaresch fir déi Walfer net schlëmm, dass ee mat 0:3 de Kierzere gezunn huet.
An deenen anere Partie klappt Stroossen Fenteng mat 3:0 a Bouneweg Péiteng mat 3:1.
D'Halleffinallen heeschen deemno Stroossen géint Bartreng an Dikrech géint Walfer.
Alles iwwert d'Novotel League op RTL.lu
Och bei den Dammen huet sech um leschte Spilldag näischt méi an der Tabell geännert. Walfer gewënnt de Spëtzematch däitlech mat 3:0 géint Mamer. Kloer Victoire ginn et och fir d'Gym géint Stroossen an Dikrech zu Bartreng. An enger Partie mat statistescher Bedeitung setzt sech Péiteng 3:0 zu Stengefort duerch.
D'Halleffinallen heeschen deemno Walfer géint d'Gym a Mamer géint Dikrech.