Esch klappt d'Etzella a steet dach nach am Final Four. Zolver geet bei de Pikes komplett ënner. Am Spëtzematch séchert sech Steesel den Heemvirdeel.

Amicale Steesel - T71 Diddeleng61:53
An enger äusserst physescher Spëtzepartie, an der béid Equippe ganz haart Defense gespillt hunn, huet d'Amicale am leschte Véierel den Ënnerscheed gemaach. Déi Steeseler louchen no deen éischten zéng Minutten nach mat 18:9 am Avantage, mee den T71 huet ab der 15' d'Kontroll iwwert de Match iwwerholl an der Amicale just nach ganz sielen einfach Punkten erlaabt. McDaniel, Picard a Reimold ware laang Zäit ofgemellt an den T71 huet donieft nach de Rebond dominéiert. Ugefouert vun engem engagéierte Ryan Sharry (13 Punkten, 20 Rebonds), hat Diddeleng am Ufank vum leschte Véierel (44:48) déi besser Kaarten. An deene leschten zéng Minutten huet den T71 awer offensiv katastrophal agéiert an et si just nach fënnef Punkten op de Compteur dobäi komm. Op der aner Säit war de Bobby Melcher an deenen entscheedende Momenter äiskal an huet senger Equipe mat véier ganz wichtege Punkten déi éischt Plaz assuréiert.

Musel Pikes - AS Zolwer99:72
D'Equipe vum Kevin Magdowski hat um leschte Spilldag alles an der eegener Hand fir de Final Four perfekt ze maachen. Eng einfach Victoire wier Zolwer duergaangen fir den Halleffinalticket ze léisen. Zu Stadbriedemes sinn déi Schwaarzgiel awer ganz béis ënnert d'Rieder komm. Géint eng komplett relachéiert Miseler Equipe louche Koster a Co. an der Paus schonns mat 36 op 53 hannen. Och no der Paus krut d'Zolwer d'Partie zu kengem Moment an de Grëff an d'Avance vun de Pikes ass weider ugeklomm. Virun allem den US-Duo Jarmar Gulley (26 Punkten, 13 Rebonds) a Clancy Rugg (25/17) war net ze bremsen. Bei den Zolwerer, déi an der Réckronn vum Titelgrupp kee Match gewonn hunn, huet just de Malcolm Miller (28/13) eenegermoossen dogéint gehalen.

Basket Esch - Etzella Ettelbréck98:85
Déi Escher hunn et in extremis nach an d'Halleffinall gepackt, an dat virun allem wéinst engem exzellente Finish am Titelgrupp. Nodeems d'Formatioun vum Franck Mériguet déi éischt sechs Matcher am Playoff nach verluer hat, huet si sech mat véier Succèsen hannerteneen op déi véierte Plaz gerett. Géint d'Etzella louchen Hodges a Co. an der Paus nach knapps hannen (42:45), mee eng engagéiert a couragéiert zweet Halschent huet schlussendlech d'Differenz gemeet. Mat Svitek, Williams an Hodges haten déi Escher direkt dräi Spiller déi méi wéi zwanzeg Punkte markéiert hunn, donieft koumen nach 15 Punkte vum Joé Biever. Ettelbréck huet de Match sécherlech net op déi liicht Schëller geholl, an deene leschte Minutte wollten d'Minetter de Succès awer einfach méi wéi d'Etzella.

Doduerch kënnt et ab dem nächste Freideg elo zu folgenden Halleffinallen:

Amicale Steesel - Basket Esch

T71 Diddeleng - Etzella Ettelbréck

Alles iwwert Total League: Tabell, Resultater, Spillpläng

VIDEO: De Basket Esch am Final Four
No der Defaite vun Zolver géint d'Musel Pikes huet de Basket Esch mat enger Victoire géint d'Etzella alles kloer maachen

Am Ofstigsgrupp ass eng weider Virentscheedung gefall. D'Fiels verléiert a leschter Sekonn doheem géint de Racing mat 85:86. Well Contern gläichzäiteg géint Walfer gewonn huet (94:84), läit d'Arantia elo bei nach dräi Matcher dräi Punkten hannert dem ABC.

Rechneresch sinn déi Fielser zwar nach net erausgefall, eng eenzeg Conterner Victoire an deene leschten dräi Partie géif awer den Arantia-Ofstig bedeiten.

An der Course ëm den Opstig bleift et hannert Walfer weider spannend. De Racing läit just nach en hallwe Punkt hannert Hiefenech, déi mat 86:104 zu Bartreng verléieren.