RTL Informatioune no hätt de Youn Czekanowicz sech fir d'FLF-Formatioun decidéiert.

Et kéint sinn, datt déi Lëtzebuerger Footballnationalequipe den 2. Goalkeep fir de Match an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun den 13. November géint Holland fonnt hätt.

De 16 Joer jonken an 1,87 m grousse Goalkeep, dee bei La Gantoise an der Belsch ënner Kontrakt steet, huet souwuel de Lëtzebuerger wéi och de polnesche Pass.

Op den éischte Bléck kléngt 16 Joer fir e Goalkeep an der Nationalequipe natierlech jonk, wann een dann awer weess, datt an Italien de 17 Joer jonke Goalkeep Gianluigi Donnarumma zanter engem Joer bei der 1. Equipe vum AC Mailand tëscht de Poteaue steet an hien och schonn en A-Lännermatch mat der Squadra um Compte stoen huet, relativéiert dat Ganzt sech natierlech nees.

En Donneschdeg deelt de Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz iwwregens säi Kader fir d'Partie géint Holland mat, an dann däerf een effektiv gespaant sinn, ob den Numm vum Youn Czekanowicz opdaucht.