
E Freideg de Moie gouf matgedeelt, dass de fréiere Mëttelfeld-Strateg säin Trainerstull virun d’Dier gestallt krut.
Éischten Informatiounen no soll elo de Massimiliano Allegri nees als Trainer zeréck op Turin geholl ginn. Den Allegri gouf rezent och als Nofollger vum Zinédine Zidane bei Real Madrid gehandelt.
