Internationale FuttballBayern a Leverkusen spille gläich, PSG zitt géint Nice de Kierzeren

RTL Lëtzebuerg
Am Internationale Futtball ass e Freideg den Owend ënnert anerem an der Bundesliga an an der Ligue 1 de Ball gerullt.
© CHRISTOF STACHE AFP

Bundesliga: Bayern München - Bayer Leverkusen 2:2

An der Bundesliga stounge sech den däitsche Rekordchampion Bayern München a Bayer Leverkusen géintiwwer.

Net laang huet et nom Upaff gedauert, nämlech 7. Minutten, wéi d’Ekipp vu München de fréie Gol konnt markéieren. Hei war et de Kane, dee fir den 1:0 gesuergt huet. D’Freed huet hei awer just 17 Minutte gedauert. De Grimaldo huet, nodeems d’Ekipp sech net hänke gelooss huet, an der 24. Spillminutt fir den 1:1 gesuergt. 2 Minutte virun der Paus hat de Serge Gnabry fir eng gréisser Chance gesuergt. Hei ass de Ball am 5-Meter-Raum géint de Potto gaangen, ma dono mat engem Kappball lénks laanscht de Gol. Mat dësem Resultat ass et dunn och an d’Kabinne gaangen.

No der Paus war et eréischt an der 86. Minutt an där den 2:1 fir Bayern gefall ass, dat duerch Goretzka fir den FC. Bayern München. Majo 4 Minutten no der regulärer Spillzäit ass et Leverkusen dach nach gegléckt, den 2:2 ze markéieren, dat duerch en Eelefmeter vum Palacios, wéi gesot an der 94. Spillminutt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Ligue 1 PSG - Nice 2:3

An der Ligue 1 war e Freideg den Owend och ee Match. Hei gouf de Champion PSG vun Nice gefuerdert.

Hei war et an der 21. de Moffi, deen Nice 1:0 a Féierung bruecht huet. Hien huet de Ball hei am Strofraum ugeholl an op de Gol geschoss, de Ball gouf dobäi nach ofgefälscht, sou dass de Goalkeeper Gianluigi Donnarumma keng Chance hat. Den Mbappé vum PSG gouf wéineg méi spéit, nämlech an der 29. Minutt vum Achraf Hakimi ugespillt, dat direkt beim Strofraum. Dësen huet de Ball an de rietsen Eck vum Gol placéiert an nees op 1:1 verkierzt.

Nodeem et no der Paus nees weider goung, huet den Gaëtan Laborde an der 53. Minutt fir den 2:1 fir Nice gesuergt, dat no enger Pass vum Terem Moffi. Hien ass et dann och dee fir den 3:1 fir Nice suergt. De Moffi dribbelt an der 69. Minutt un de Géigespiller laanscht a placéiert de Ball an déi lénks Säit vum Gol. Och hei war näischt fir de Goalkeeper vum PSG ze maachen. Hei ass et awer bis zum Schluss spannend bliwwen, an der 87. Minutt war et nämlech alt nees den Mbappé, deen op 2:3 verkierzt huet, dat no enger schéin eragespillte Pass vum Randal Kolo Muani. Ma och no 7 Minutten Nospillzäit, ass et bei dësem Resultat bliwwen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO