Faite mussen nei verhandelt ginnBayrescht Geriicht annuléiert Urteel géint de Jérôme Boateng

RTL Lëtzebuerg
De fréieren däitsche Futtball-Nationalspiller war zejoert wéinst Kierperverletzung a Beleidegung verurteelt ginn. Dat mellen däitsch Medien.
© Christof STACHE / AFP

Beim presuméierten Affer soll et sech ëm dem Boateng seng Ex-Frëndin handelen.

Dat zoustännegt Geriicht hat de Boateng zejoert an zweeter Instanz schëlleg geschwat an zu enger Geldstrof vun insgesamt1,2 Milliounen € verurteelt.

Ma keng vun den involvéierte Parteie war mam Urteel vun deemools zefridden. Esouwuel dem Boateng säin Affekot, ewéi och de Parquet an d’Nieweklo haten deemools Revisioun ageluecht. Vum Boateng sengem Affekot huet et geheescht, dass de Prozess net objektiv gewiescht wier. Säi Mandat hätt vu vir eran als schëlleg festgestanen. De Parquet an d’Nieweklo haten d’Urteel hirersäits als ze niddereg kritiséiert.

Elo huet dat bayrescht Oberlandesgericht d’Urteel géint de 35 Joer ale Boateng annuléiert an d’Affär zeréck un d’Landesgericht zu München verwisen. Déi ganz Affär muss deemno nei verhandelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO