F91Carlos Fangueiro neie Futtball-Trainer zu Diddeleng?

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen no ass d‘Probabilitéit jiddwerfalls grouss, datt de fréieren Trainer vun Titus Péiteng d‘nächst Saison bei den F91 wiesselt.
© Facebook / Carlos Fangueiro

Den 43 Joer ale fréiere portugisesche Profi war och op der Fola am Gespréich. Zu Esch schéngt den Depart vum Trainer Jeff Strasser no 10 Joer um Gaalgebierg imminent. Sou wéi mer et och schonn annoncéiert haten, dierft de Wee op den Hesper Holleschbierg goen.

Am RTL Interview geet den Éierepresident vun der Fola, Gérard Lopez, dovun aus, datt de Strasser déi Escher verléisst, fir bei den neie Club vum Mäzen Flavio Becca ze goen. Dat géif awer näischt drun änneren, datt de Strasser fir ëmmer e „Folamann" an e Frënd vun him géif bleiwen, esou de Lopez.

Wéi et op der Escher Grenz bei der Trainerfro weider geet, ass och nach net ganz kloer. Eisen Informatiounen no ass den Markus Weiss do an der Course. Den 33 Joer alen Däitschen war dës Saison nach Trainer bei Mäertert-Waasserbëlleg. De Weiss hat um Enn vun der Saison awer dunn annoncéiert, beim Veräin aus der Éierepromotioun opzehalen, fir kënne bei e Club aus der ieweschter Divisioun (BGL-Ligue) ze goen.

Back to Top
CIM LOGO