Neien nationalen Outdoor-RekordCharel Grethen leeft 1500 Meter an 3 Minutten 36 Sekonnen a 75 Honnertstel

RTL Lëtzebuerg
Domadder huet hie säin eegene Rekord ëm 2 Sekonnen a 27 Honnertstel verbessert.

Dëst ass dem Lëtzebuerger Liichtathlet um internationalen Outdoormeeting zu Ostrava an Tschechien gelongen. A senger Course koum hien domadder op déi gutt 5. Plaz.

Nieft dem neien nationale Rekord krut de Charel Grethen wichteg Punkten an der Weltranglëscht, déi hien och méi no un eng Qualifikatioun fir déi olympesch Spiller bréngen.

PDF: De Communiqué vun der Federatioun

Back to Top
CIM LOGO