BGL LigueDe Progrès Nidderkuer klappt d'Jeunesse mat 2:1

RTL Lëtzebuerg
Diddeleng ass no der Victoire géint Péiteng nees Leader an der Tabell a Wolz klappt Hueschtert. Munneref geléngt de Lucky Punch a klappt d'Fola mat 1:0
© Tom Fischer

Nodeems e Samschdeg ënnert anerem de Swift Ettelbréck kloer mat 4:0 geklappt huet, stoung um Sonndeg am nationale Futtball-Championnat d’Suite vum 6. Spilldag um Programm.

Resumé BGL Ligue / Reportage Gilles Tricca

D’Escher Fola muss sech doheem Munneref mat 0:1 geschloe ginn. De Gol vum Dag ass an der 3. Minutt vun der Nospillzäit gefall, dëst a Persoun vum Keita. D’Fola huet de Ball am Mëttelfeld verluer, de Keita huet am séierste geschalt, an huet dem Golkipp ausgespillt an de Ball an den Filet konnte setzen. D’Fola hat et virun allem an der 2. Hallschent schwéier, dëst well de Bruno Correia an der 41. Minutt Giel-Rout krut. Munneref iwwerhëlt d’Fola an der Tabell an huet elo 9 Punkten um Konto.

Monnerech an Déifferdeng spillen no 90 Minutten 0:0-Gläich. Déifferdeng hätt an der 1. Hallschent duerch den Almeida an Cabral a Féierung kéinte goen, hunn d’Chance awer leie gelooss. Den Simoes an der 70. Minutt huet et net besser gemaach, an ass um Da Silva am Monnerecher Gol hänke bliwwen. Déifferdeng leit an der Tabell elo schonn 10 Punkten hannert dem F91.

Titus Péiteng muss sech doheem dem F91 Diddeleng mat 1:2 geschloe ginn. D’Gäscht sinn an der 14. Minutt duerch den Hadji a Féierung gaangen. 12 Minutte méi spéit war et nees den Hadji deen de Score op 2:0 erhéije konnt. Zu allem Iwwerfloss huet sech aus Péitenger Siicht den Abreu verletzt an huet den Terrain nach virun der Paus misse verloossen. Diddeleng sollt bis op den Uschlossgol vum Schneider an der 80. Minutt näischt méi ubrenne loossen a steet elo nees virun Hesper op der 1. Plaz an der Tabell.

Nodeems Stroossen a Käerjeng mat engem 0:0 an d’Paus gaange sinn, muss sech d’Una um Enn am eegenem Stadion mat 0:2 géint Käerjeng geschloe ginn. Bannent 4 Minutten huet Käerjeng de Stroossener den Zant gezunn. Liseki an der 59' an den Titizian an der 63. Minutt hunn déi entscheedend Goler geschoss. Stroossen huet deemno déi lescht 3 Matcher verluer.

Hueschtert muss sech no engem animéiertem Match mat 2:3 géint Wolz geschloe ginn. Nodeems Wolz no 7 Minutten duerch de Romeyns a Féierung gaangen ass, hunn d’Gäscht kuerz virun der Paus de Score op 2:0 erhéicht. Den Hoffmann huet Hueschtert an der 67. Minutt wuel nach en Kéier an de Match bruecht, ma quasi am Géigenzuch sollt de Philipps fir d’Entscheedung suergen. Fir Hueschtert ass just nach den Uschlossgol an der 84. Minutt duerch de Bonet iwwreg bliwwen.

Um Sonden den Owend huet Nidderkuer doheem mat 2:1 géint d’Jeunesse Esch gewonnen. No 12 Minutte stoung et duerch Goler vun Alagbe an Hend schonn 2:0 fir d’Lokalekipp. Der Jeunesse ass bis op den Uschloss-Gol an der 82. Minutt duerch den Todorovic net méi gelongen, sou dass de Progrès säin 3. Match um Stéck gewënnt. D’Jeunesse steet dogéint mat 6 Punkten nëmmen eng Plaz virun der Barrageplaz.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO