
D’Spëtzepartie ass de Lokalderby tëscht dem FC Déifferdeng 03 an dem Progrès Nidderkuer. Den F91 Diddeleng spillt géint Rouspert, Munneref muss géint de Racing untrieden. Den eenzege Vertrieder aus der Éierepromotioun, den FC Marisca Miersch, kritt Besuch vum FC Wolz 71.
D’Partië si fir de Mëttwoch de 26. Abrëll geplangt.