Start ouni Spectateuren zu FukushimaDen olympesche Fakellaf huet ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
Mat engem Joer Verspéidung ass en Donneschdeg zu Fukushima den olympesche Fakellaf fir d'Summerspiller zu Tokio lassgaangen.
© POOL/AFP/KIM KYUNG-HOON

Wéinst der Pandemie ware bei der Zeremonie awer keng Spectateuren zougelooss, dofir gouf se awer live iwwerdroen. “Dës kleng Flam huet ni d’Hoffnung verluer an huet op dësen Dag gewaart wéi d’Knosp vun enger Kiischtebléi, déi kuerz virum Opbléie steet”, sot déi japanesch Cheffin vun de Spiller, Seiko Hashimoto.

Déi rosa-gëllen olympesch Fakel a Form vun enger Kiischtebléi gouf am J-Village Sportkomplex zu Fukushima ugefaangen, deen als Asazzenter no der Katastroph vun 2011 genotzt gouf. 10 Joer no der Äerdbiewen-, Tsunami- an Atomkatastroph soll de Start vum Fakellaf zu Fukushima der ganzer Welt och d’Fortschrëtter vum Rëmopbau vun der Regioun virun Ae féieren.

Si géif hoffen, dass déi olympesch Flam als “Liichtstral um Enn vun der Däischtert” dénge wäert, sou d’Seiko Hashimoto. Membere vun der japanescher Futtball-Nationalekipp vun de Fraen hunn d’Fakel am olympesche Feier, dat sech zanter leschtem Joer a Japan befënnt, ugefaangen.

Wärend dem Fakellaf si Spectateuren nëmmen ënner Schutzmoossnamen an an der Géigend vun hirem Wunnuert zougelooss. Déi 10.000 Leit, déi d’Fakel droen, an d’Organisateure musse sech och un d’Mesuren halen.

Op en Enn goe soll de Laf no 9.600 Kilometer duerch déi 47 japanesch Präfekture bei der feierlecher Ouverture am Juli am Olympiastadion zu Tokio. Wéinst der Pandemie waren d’Olympesch Summerspiller 2020 ëm e Joer verluecht ginn. Si sollen dann elo vum 23. Juli bis 8. August ofgehale ginn, wéinst der Coronakris allerdéngs ouni auslännesch Spectateuren.

Back to Top
CIM LOGO