
Diddeleng huet an den éischte 45 Minutte kee Gol kasséiert an hat deels interessant Aktiounen no vir. Virun allem dem Danel Sinani säi Schoss an der 39. Minutt war ganz geféierlech. Sevilla huet kuerz no der Paus de Score duerch de Franco Vazquez opgemaach a war och am weidere Verlaf vun der Partie dominant. Um Enn stoung eng 0:3-Defaite fir den F91 um Tableau.
Laang war net gewosst, ob de Jonathan Joubert kéint matspillen. De Kipper vum F91 hat Problemer mat der Achillesseen an hat den Ofschlosstraining net matgemaach. En Donneschdegowend stoung hien awer tëscht de Pottoen.
En anere Match mat Lëtzebuerger Präsens gouf et beim 1:1 tëscht Dynamo Kiew an FC Kopenhagen. Do souz de Gerson Rodrigues déi gesamt Spillzäit iwwer op der Bänk.
1:0 Vazquez (48'), 2:0 Vazquez (75'), 3:0 Munir (78')
Déi ugestrieften Iwwerraschung vun der Ekipp aus der Forge du Sud géint de grousse Favorit aus der andalusescher Haaptstad um 3. Spilldag vun der Europa-League-Gruppephas huet eréischt an der 2. Hallschecht een Enn fonnt. D’Jonge vum Trainer Bertrand Crasson wollte jo weisen, datt si och Futtball spille kënnen, an dat hu si och gemaach. Ma de Géigner en Donneschdeg den Owend war dann dach eng Nummer ze grouss - mä der Rei no.
Déi éischt 15 Minutte vum Match
Diddeleng huet éischt anstänneg 5 Ufangsminutten op den Terrain bruecht. Dem F91 ass et ëmmer nees gelongen, d’Fühleren a Richtung spuenesche Gol auszestrecken. De Corenthyn Lavie hat an der 15. Minutt een éischte Schoss lassgelooss. Eng Minutt drop huet de Jonathan Joubert missen op där anerer Säit in extremis dem Munas Dabbur seng Tentative paréieren.
Sevilla geféierlech iwwer Standard
Am weidere Verlaf vun der Partie huet d’Lokalekipp de Bols awer erhéicht a konnt virun allem mat Standardsituatioune fir Gefor am Diddelenger Strofraum suergen. Direkt zweemol koumen d’Andalusier no Korner an de 16-Meterraum vun den Diddelenger, ma déi eng Kéier huet de Joubert exzellent paréiert a bei där anerer ass ee verlängerte Ball neelech dolaanscht gaangen.
0:0 op der hallwer Stonn
Och wann et no 30 Minutten 0:0 gläich stoung, huet d’Ofwier vun den Diddelenger net extrem stabil gewierkt. Virun allem op der rietser Ofwiersäit war den F91 ufälleg. D’Jonge vum Trainer Crasson kruten awer ronn 10 Minutte virun der Paus de Fouss nees an d’Dier an hu mat Aktiounen no vir fir Entlaaschtung kënne suergen.
Sinani-Schoss neelech dolaanscht
5 Minutte virun der Paus hat Diddeleng déi bis dohi gréisste Golgeleeënheet an der Partie. No engem Aworf op der rietser Offensivsäit ass dat ronnt Lieder beim Danel Sinani gelant. Dësen huet net laang gezéckt an direkt sec mat sengem staarke lénkse Fouss ofgezunn. Ma de Ball ass ganz neelech laanscht de Potto gaangen. Esou goung et e bësse onglécklech mat engem 0:0 an d’Paus.
Nom Téi dunn déi kal Dusch
Diddeleng war wuel nach mat engem Been an de Kabinnen, anescht ass de Gol an der 48. Minutt duerch de Franco Vazquez net ze erklären. Den Oliver Torres huet nämlech de Ball an d’Mëtt geflankt an do stoung de Mëttelfeldspiller ganz eleng, fir propper op den 1:0 ze käppen.
Den 0:1 aus der Siicht vun den Diddelenger war ee Coup an de Mo. Ma d’Formatioun aus der Forge du Sud huet awer am weidere Verlaf vum Match de Kapp net hänke gelooss a weider esou gutt wéi et geet verdeedegt. Et war awer gewosst, datt mat all ratéierter Ofwieraktioun d’Spuenier enorm geféierlech géife ginn.
66. Minutt: Joubert verhënnert 0:2
Op en Neits war et de Vazquez, dee sech am Strofraum ewechgemaach hat an deen esou mam Kapp un d’Flank, déi Kéier vu riets, dru komm ass. Et war awer de Joubert, dee mat enger exzellenter Parad de Score op 0:1 hale konnt. Et huet een an der leschter Véierelsstonn gemierkt, datt lues a lues d’Kraaft beim aktuelle Lëtzebuerger Champion nogelooss huet. Ëmmer nees goufen et Onopmierksamkeeten hannendran a no vir gouf et zu deem Ament just wéineg Entlaaschtung.
Duebele Vazquez a Munir entscheeden de Match
An Zäit vu just 3 Minutten hunn d’Spuenier dunn d’Partie definitiv decidéiert. D’éischt war et den 2. Coup vum Vazquez, deen een Noschoss konnt verwandelen. Kuerz drop huet de Munir mat sengem Gol den Deckel op de Match geluecht. Vun deem Ament un haten et déi Diddelenger extrem schwéier.
Schlussphas
Sevilla huet an de leschte Minutte vun der Partie de Fouss vum Gas geholl - d’Andalusier ware wuel mat dësem 3:0 virum eegene Public zefridden. Diddeleng huet sech gréisstendeels gutt aus der Affär gezunn, virun allem op der 1. Hallschecht kann ee fir de weider Parcours an der Europa League bauen. Den F91 ass elo an der Tabell den 3. mat 3 Punkten.