Europa LeagueDiddeleng wëll heiheem géint Sevilla besser ofschneide wéi géint Qarabaq

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend war d'Pressekonferenz vum F91 Diddeleng, dat virum Match géint den FC Sevilla en Donneschdeg.
Pressekonferenz vum F91 Diddeleng virum Match géint Sevilla
Den Diddelenger Trainer Bertrand Crasson an de Mickael Garos hu sech hei de Froe vun de Journaliste gestallt.

Den Diddelenger Trainer Bertrand Crasson an de Mickael Garos hu sech hei de Froe vun de Journaliste gestallt.

Souwuel den Trainer wéi och de Spiller ware sech eens, dass een alles wéilt dru setzen, fir ee gudde Match ze maachen. De Bertrand Crasson huet dann och nach gemengt, dass een de Lëtzebuerger Spectateuren e bessere Match wéilt weise wéi dee leschten heiheem géint Qarabaq.

De Match tëscht Diddeleng an dem FC Sevilla kënnt Dir dann och en Donneschdeg den Owend vun 18.55 Auer live op der Tëlee, um Radio an am Stream op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO