
Op der 134. Sessioun vum Internationalen Olympesche Comité zu Lausanne hu ronn 85 Memberen e Méindeg den Owend driwwer ofgestëmmt, wien no Pyeongchang a Südkorea d'lescht Joer a Peking 2022, d'Wanterspiller a 7 Joer nees an Europa organiséiert.
Mailand mat Cortina d'Ampezzo huet sech bei der Ofstëmmung vum Internationalen Olympesche Comité géint déi schwedesch Haaptstad Stockholm duerchgesat.