Internationale FuttballDortmund an Union Berlin punktgläich mat Bayern, Barreiro trëfft fir Mainz

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet Dortmund mat enger 4:1-Victoire géint Hertha an Union Berlin mat engem 0:0 géint Schalke sech un d'Tabellespëtzt vun der Bundesliga gesat.
© AFP

Am internationale Futtballchampionnat huet Union Berlin an der Bundesliga net vun der Defaite vun de Bayern profitéiert, ass no engem 0:0 géint Schalke awer punktgläich un der Tabellespëtzt. Och Dortmund huet no enger staarker Victoire 43 Punkten. A Frankräich gouf et iwwerdeems eng spéit Victoire vum PSG an an England séchert sech Manchester United mat engem 3:0 géint Leicester City déi dräi Punkten.

Bundesliga

Union Berlin - Schalke 0:0

Union Berlin ass am Match géint Schalke net iwwert en 0:0 erauskomm an huet domat d’Chance op d’Tabelleféierung no der Defaite vu Bayern net genotzt. D’Schalker hu vun Ufank un net vill virum eegene Gol zougelooss, ma och no vir ass awer net sou richteg eppes gaangen. No enger schwaacher éischter Hallschent huet een op e besseren zweeten Duerchgang zu Berlin gehofft, dozou sollt et awer net kommen. Um Enn bleift et bei engem Remis ouni Goler. Fir den Tabelleleschte Schalke ass dat de véierte Match hannerteneen dee mat engem 0:0 op en Enn gaangen ass. Dat ass neie Bundesliga-Rekord.

Dortmund - Hertha 4:1
1:0 Adeyemi (27'), 2:0 Malen (31'), 2:1 Tousart (46'), 3:1 Reus (76'), 4:1 Brandt (90')

Dortmund huet sech mat enger 4:1-Victoire géint Hertha punktgläich un d’Tabellespëtzt gesat. Mat enger staarker Prestatioun hunn den Adeyemi, Malen, Reus a Brandt mat hire Goler de Match virun den eegene Spectateure fir sech entscheet. De Gol zum 1:2 vum Tousart hat tëschenzäitlech zwar kuerz fir SPannung gesuergt, um Ausgang vum Match sollt dat awer näischt änneren.

Leverkusen - Mainz 2:3
0:1 Caci (26'), 1:1 Amiri (32'), 1:2 Barreiro (45'+4), 2:2 Schick (58'), 2:3 Ingvartsen (82')

De Match huet eng Zäitche gebraucht, bis e richteg lancéiert war. An der 23. Minutt gouf et en Eelefmeter fir Leverkusen, deen den Tapsoba awer verschoss huet, respektiv den Dahmen konnt halen. Nëmmen 3 Minutten drop schéisst de Caci fir Mainz den 1:0. Laang war Leverkusen net geschockt, well an der 32. Minutt konnt den Amiri ausgläichen. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent konnt de Lëtzebuerger Leandro Barreiro mat engem stramme Schoss aus 10 Meter den 2:1 fir Mainz markéieren. An der 2. Hallschent konnt den agewiesselte Schick den 2:2 fir Leverkusen markéieren. An der 82. Minutt gouf et e weideren Eelefmeter, déi Kéier awer fir déi Mainzer, deen den Ingvartsen sécher verwandelt huet. Mainz kann dat Resultat iwwert d’Zäit retten a wënnt domat auswäerts mat 3:2 géint Leverkusen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Manchester United - Leicester City 3:0
1:0 Rashford (25'), 2:0 Rashford (56'), 3:0 Sancho (61')

Manchester United bleift mat engem 3:0-Succès iwwer Leicester City weider a Reechwäit zu de béiden Ekippen un der Tabellespëtzt. De bessere Start an de Match hat dobäi de Gaascht, deen no gutt 20 Minutte schonn néng Golschëss opweise konnt. D’Féierung ass dann awer an der 25. Minutt fir d’Red Devils am Numm vum Rashford gefall. Mat engem éischter glécklechen 1:0 ass et dann an d’Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet sech United da mat méi Zuch a Richtung Gol gewisen a konnt duerch en zweete Gol vum Rashford erhéijen. Mam Gol zum 3:0 huet de Sancho dann den Deckel drop gemaach an déi dräi Punkte fir Manchester geséchert.

Tottenham - West Ham 2:0
1:0 Emerson Royal (56'), 2:0 Son (72')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Bergamo - Lecce 1:2
0:1 Ceesay (4'), 0:2 Blin (74'), 1:2 Höjlund (87')

Salernitana - Lazio Roum 0:2
0:1 Immobile (60'), 0:2 Immobile (69')

La Spezia - Juventus 0:2
0:1 Kean (32'), 0:2 Di Maria (66')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

PSG - Lille 4:3
1:0 Mbappé (11'), 2:0 Neymar (17'), 2:1 Diakité (24'), 2:2 David (58'), 2:3 Bamba (69'), 3:3 Mbappé (87'), 4:3 Messi (90+5')

PSG huet sech mat enger spéider Victoire dräi wichteg Punkten am Championnat geséchert. Duerch d’Goler vum Mbappé an Neymar war d’Lokalekipp am Parc des Princes schonn no enger gudder Véierelsstonn mat 2:0 a Féierung. D’Ekipp vu Lille wollt sech awer nach net geschloe weisen an huet et am Numm vum Diakité, David a Bamba gepackt de Match ze dréinen. Eng immens animéiert Partie sollt hiren Héichpunkt dann awer an der Schlussphas wannen. Als éischt ass dem PSG an der 87. Minutt den Ausgläich duerch den Mbappé gelongen a mat der leschter Aktioun vum Match konnt de Messi per direktem Fräistouss de 4:3-Succès fir seng Ekipp sécheren.

Brest - Monaco 1:2
0:1 Golovin (39'), 0:2 Boadu (73'), 1:2 Le Douaron (86')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Rayo - FC Sevilla 1:1
0:1 Suso (29'), 1:1 Lejeune (65')

Atlético Madrid - Athletic Bilbao (18.30 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO