Frae-WM an Australien an NeiséilandE grousse Schrëtt fir d‘Futtballwelt, Public viewing och zu Lëtzebuerg

Tim Morizet
An der Frae-Weltmeeschterschaft war et um Sonndeg um 12 Auer d‘Final.
E grousse Schrëtt fir d‘Fussballwelt, Public Viewing och zu Lëtzebuerg
An der Frae-Weltmeeschterschaft war et um Sonndeg um 12 Auer d‘Final.

Spuenien konnt sech fir déi éischte Kéier d’Kroun opsetzen. An engem bis zum Schluss spannende Match konnt sech “La Roja” mat 1-0 géint England behaapten. 75.000 Spectateuren hate sech fir d’Final Sydney begéint. Insgesamt goufe knapp 2 Millioune Tickete fir den Tournoi verkaf. Weltwäit hu Spectateure dës WM an hir Finall suivéiert. Och zu Lëtzebuerg.

Honnerte Leit hu sech uechter d’Ländchen um hëtzege Sonndeg versammelt, fir matzeféiweren - mat ze schweessen. Ënner anerem zu Diddeleng a Déifferdeng waren et dës Joer déi alleréischte Public viewing-Manifestatioune fir de Fraefuttball. Fir d‘Sandrine Schnadt, vum Service à l‘égalité des chances vun Diddeleng, e wichtege Schrëtt: “Mir hunn am kommunalen Aktiounsplang zur Gläichstellung vun de Geschlechter festgehalen, datt mer grad esou ewéi beim Männersport och beim Fraesport en Public viewing organiséieren.“

Besonnesch iwwert déi lescht 12 Joer huet sech vill gedoen

A bei deem krut de Public och eppes gebueden. Mat vill Tempo schafen d‘Spuenierinnen ëmmer nees Chancen a beloune sech no enger knapper hallwer Stonn. E placéierte flaache Schoss vum Olga Carmona an de rietsen Eck suergt fir d‘Entscheedung am Match.

Bis viru 50 Joer war et Frae guer net erlaabt, Futtball ze spillen. De Retard, deen doduerch entstanen ass, gëtt lues a lues opgeholl. „Beim Fraefussball muss een drun denken, datt dëse bis viru 5 Joerzéngte verbuede war. Wann een elo kuckt wéi England Weltmeeschter bei den Häre gouf 1966, da war dat zu enger Zäit, wou Fraen iwwerhaapt kee Fussball hunn dierfe spillen“, erkläert Tessy Troes, Réalisateur vum Lëtzebuerger Documentaire “Um Ball – 50 Joer Fraefussball“. „Ech hunn d‘Gefill, datt do e Retard entstanen ass, deen nach opzehuelen ass. Ech mengen, déi ganz Professionaliséierung vum Sport ass réischt déi lescht 10, 12 Joer virukomm.“

Och dank grousse Veräiner, déi mëttlerweil gären eng Fraenekipp opbauen, esou d‘Realisatrice: „Dat mécht et halt spannend, well een dann och d‘Fans vun de Männerveräiner huet, déi sech dann och vläicht fir d‘Fraenekipp kënnen identifizéieren. Elo am Fall vum FC Barcelona huet een einfach eng ganz Jugendstruktur, déi schonn opgebaut ass. A wann een dann den Accès och de Frae gëtt, da kann een einfach vill méi héich Spréng erwaarden.“

Toxesch Maskulinitéit steet dacks nach am Wee

32 Ekippen amplaz vun de 24, déi 2019 an Australien a Neiséiland vertruede waren. Eng Rëtsch Rekorder goufen opgestallt. Dorënner och de séiersten Eelefmeter bei enger Fraeweltmeeschterschaft. 110 Kilometer d‘Stonn vum Chloe Kelly. E Gol, deen op de soziale Reseaue vu ville Männer ridiculiséiert gouf. Dat bedauert och d‘Tessy Troes: „Ech mengen, et ass insgesamt e gesellschaftleche Problem, datt deen Ament, wou Leit wëlle Plaz anhuelen, wou aner Leit scho waren, sech vill Leit op d‘Féiss getrëppelt fillen. An deem hei Fall verstinn ech d‘Kommentaren net. Et war e schéinen Eelefmeter. Huel en einfach un.“

Nei Virbiller fir déi nächst Generatioun

Ewech vun: Et muss een eng Minoritéit ënnerstëtzen – eriwwer zu “ech hunn en Interêt um Sport“. D‘Amy Thompson, Lëtzebuerger Nationalspillerin, ass frou, datt och bei dëser WM nei Spillerinne sech konnte beweisen. Et wieren nei an authentesch Identifikatiounsfiguren entstanen. „Meng Virbiller am Fussball waren ëmmer männlech Spiller. Ech hat keng Spillerinnen als Virbild. Et goufen der net wierklech. Ech mengen, et ass wichteg, fir déi Generatioun u Meedercher, déi kënnt, fir sech méi ze trauen. Méi ze spillen.“

Et gëllt elo d‘Energie vum Tournoi, fir déi nächst 4 Joer matzehuelen. An de Futtball fir jidderee weider ze professionaliséieren. Well déi Länner, déi am meeschten an hir Ekippen investéiert hunn, sinn déi, déi mat déi beschte Resultater kruten.

Back to Top
CIM LOGO