
D'Eléonora Molinaro, déi beim 25.000er-Tournoi zu Petit-Bourg op Véier gesat ass, konnt sech an der Véierelsfinall géint d'Julie Gervais aus Frankräich duerchsetzen. Beim Stand vum 3:1 fir d'Eléonora Molinaro am éischte Saz huet hir franséisch Géignerin missten opginn.
Domadder steet d'Lëtzebuergerin elo an der Halleffinall vum Tournoi.