Am Spëtzematch krut d’Etzella Ettelbréck Besuch vum T71 Diddeleng. Weider gouf och nach d’Partie Telstar géint Contern gespillt.
Etzella Ettelbréck - T71 Diddeleng 79:75
(19:15, 13:25, 24:15, 23:20)
Am éischte Véierel konnt sech d’Etzella knapp mat 19:15 géint den T71 duerchsetzen. An och wann d’Diddelenger am 2. Véierel ee klenge Virsprong opbaue konnten, war den 3. a 4. Véierel kloer nees fir d’Etzella. Si konnten hire Virdeel weider an de Match dunn och fir sech decidéieren.
Telstar Hesper - AB Contern 57:91
(20:29, 11:28, 10:15, 16:19)
