Nationale SportFederatiounen a Clibb kréie gratis Antigen-Schnelltester

RTL Lëtzebuerg
Mat der Reprise vun de Championnater am nationale Sport, kréien d'Federatiounen an d'Clibb elo gratis Antigen-Schnelltester zur Verfügung gestallt.

D’Zil ass kloer: Sou gutt wéi méiglech eventuell Corona-Infektiounen ze detektéieren an z’isoléieren, datt sech d’Krankheet net ënnert de Sportler an dem Staff verbreet, heescht et an der Invitatioun fir eng Pressekonferenz d’nächst Woch. Bei Matcher oder Trainingen kéint et jo mol séier zu Infektiounskette kommen. D’Schnelltester sollen et erlaben, Matcher a Kompetitioune sou wäit et geet ënner sécheren Ëmstänn z’organiséieren. D’Tester, déi awer méi eng héich Feelerquot hunn, wéi d’PCR-Tester si fräiwëlleg. D’Testcampagne gëtt e Méindeg am Detail virgestallt. Zu der Demarche gehéiert och e Suivi, eng Etüd iwwert d’Lëtzebuerger Sportswelt, mat där een zukünfteg Strategien plange wëll.

Back to Top
CIM LOGO