Lëtzebuerger Futtballer am AuslandGerson Rodrigues trëfft fir Ankaragücü, Ekipp vu Christopher Martins wënnt kloer

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend waren 2 Lëtzebuerger Futtballer mat hirer Ekipp am Ausland am Asaz.
© pressphoto Archiv

An der Schwäiz kruten d’Young Boys Bern mam Christopher Martins Besuch vum FC Thun. D’Ekipp vum Lëtzebuerger wënnt um Enn kloer mat 4:0. 3 Mol hu si vum Eelefmeeterpunkt aus getraff, eemol den Ngamaleu an zweemol de Sulejmani. An der 90. Minutt huet dunn nach de Gaudino aus dem Spill eraus getraff. De Christopher Martins ass an der 76. Minutt agewiesselt ginn.

Méi spéit huet de Gerson Rodrigues dann nach mat senger Ekipp Ankaragücü géint Izmir gespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung beim Tabelle leschten aus der Tierkei dann och an der Startopstellung a konnt souguer den entscheedenden 2:2 fir seng Ekipp per Eelefmeter schéissen. An der 17. Minutt war et den 1:0 fir dem Rodrigues seng Ekipp, dat duerch den Dever Orgill. An der 26. Minutt war et awer dunn de Kamil Wilczek, dee fir den 1:1 Ausgläich gesuergt huet. Kuerz virun der Paus, an der 3. Minutt vun der Nospillzäit, trëfft dunn de Soner Aydoğdu an erhéicht op 2:1 fir Izmir. De Lëtzebuerger Gerson Rodrigues konnt awer dunn glécklecherweis fir seng Ekipp op 2:2 ausgläichen, wat natierlech wichteg war an een esou e Punkt nach konnt mathuelen.

Back to Top
CIM LOGO