Davis CupGilles Muller nominéiert Calzi, Knaff, Marinov a Rodesch

RTL Lëtzebuerg
Fir den Davis Cup Event déi nächst Woch huet de Capitän Gilles Muller de Raphael Calzi, Alex Knaff, Alexander Marinov a Chris Rodesch nominéiert.
De Chris Rodesch bei de Junior Open 2018 zu Esch.
De Chris Rodesch bei de Junior Open 2018 zu Esch.
© pressphoto.rtl.lu (archiv)

D’Ekipp gëtt duerch de Trainer Till Salme a Kiné Benjamin Chassin completéiert.

Am Ganze 7 Ekippen, Zypern, Georgien, Island, Irland, Malta, Monaco a Lëtzebuerg, ginn an Zypern un den Depart, nodeems Liechtenstein sech am Virfeld zeréckgezunn huet.

Gespillt gëtt an zwou Gruppen, 4 Ekippen am Grupp A an 3 Ekippen am Grupp B, woubäi déi zwee Gruppenéischt opsteigen wäerten. Déi zwee Gruppenzweet spillen den drëtten Opsteiger ënnerteneen aus.

De 4. aus dem Grupp A steigt direkt of an déi zwee Gruppendrëtt spillen den 2. Ofsteiger aus.

D’Auslouse vun de Gruppe ass en Dënschdeg de 15. Juni. D’Gruppephas gëtt vum 16. bis 18 Juni gespillt an all d’Playoff-Matcher si fir Samschdes den 19. Juni programméiert.

Back to Top
CIM LOGO