PowerliftingGoldmedail fir de Gabriel Ndoja zu Reykjavik

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger huet am Total 820kg gedréckt, dobäi eleng 300kg an der Kniebeug.

Just e puer Wochen no enger Sëlwermedail bei de Bänkdrécker-Europameeschterschaften, huet de Gabriel Ndoja e Sonndeg zu Reykjavik Gold am west-europäesche Powerlifting-Championnat gewonnen.

An de Kniebeugen huet en 300kg gedréckt, am Bänkdrécken 230 an am Kräizhiewen 290kg.

Back to Top
CIM LOGO