
D'Iga Swiatek hat en Donneschdeg an der Halleffinall zu Rolland Garros keng Problemer géint d'Nadia Podoroska. D'Polin huet sech kloer an zwee Sätz mat 6:2 a 6:1 géint d'Argentinien duerchgesat.
An der Finall kritt d'Swiatek, déi an der Weltranglëscht op Plaz 53 steet, et mam Sofia Kenin ze dinn. D'US-Amerikanerin huet an zwee Sätz mat 6:4 a 7:5 géint d'Petra Kvitova aus der Tschechescher Republik gewonnen.
D'Kenin geet als kloer Favoritin e Samschdeg de Mëtteg um 15 Auer an d'Finall vun de French Open 2020. D'Nummer 6 op der Welt huet mat den Australian Open dëst Joer bis ewell ee Grand Slam an hirer Karriär gewonnen.