
Am Joer 2014 ass de Bakery Jatta als mannerjärege Flüchtling onbegleet aus Gambia an Däitschland komm an huet an enger éischter Phas zu Bremen Asyl ugefrot. Zanter 2016 ass de Jatta Spiller vum HSV a steet beim Traditiounsclub bis 2024 ënner Kontrakt.
Wéi et an der däitscher geschriwwener Press heescht, hätt de Gambier bei senger Arees eng falsch Identitéit uginn. Well et als Mannerjärege méi probabel ass, eng Openthaltsgeneemegung ze kréien, hätt hien ee falsche Gebuertsdatum uginn.
D’Zäitschrëft “Der Spiegel”, déi sech bei hiren Investigatiounen op d’Whistleblower-Platform “Football Leaks” berifft, huet e Freideg gemellt, datt den Hanseaten-Veräin viru ronn 3 an 1/2 Joer vu méiglechem Gefuddels vum Bakery Jatta gewosst hätt. Den Hamburger SV wier an dësem Kontext doriwwer informéiert ginn, datt de Bakery Jatta a Wierklechkeet de Bakery Daffeh wier an ebe méi al wier, wéi bis ewell ugeholl.
Iwwerdeems d’Ermëttlungen am Fall Jatta bei der Police lafen, trëtt den HSV e Sonndeg an der däitscher Coupe zu Chemnitz un. Den Hamburger Trainer Dieter Hecking huet kee Grond fonnt, de Mann aus Gambia net mat an de Kader ze huelen, schliisslech géifen et keng Beweiser fir ee Vergoe ginn.