
“D’Zuel un Neiinfektiounen ass zanter Mëtt vum Mount réckleefeg, mä d’Lag ass nach ëmmer ongewëss”, sot de Premierminister Yoshihide Suga. Den Noutstand hätt am Fong bis den 31. Mee solle gëllen, ma fir déi 4. Well ze kontrolléieren, wier méi Zäit néideg. D’Mesurë gëllen an der Olympia-Stad Tokio an an 9 weidere Landesdeeler.
Well de Gesamtniveau un Infektioune weider héich ass, wier et noutwenneg, d’Noutstandsmesuren ze verlängeren, sot den Yasutoshi Nishimura, de Minister, dee fir d’Lutte géint de Coronavirus zoustänneg ass.
Dës Decisioun dierft déi ofleenend Haltung vun der japanescher Populatioun vis-à-vis vun deem grousse Sportsevenement, dat wéinst der Pandemie schonn ëm 1 Joer verréckelt gouf, nach verstäerken. D’Leit fäerten eng Ausbreedung vum Virus duerch déi auslännesch Gäscht. Fir d’lescht hat souguer d’Zeitung Asahi Shimbun, selwer offizielle Partner vun de Spiller, zur Ofso opgeruff.
D’Organisateure loossen allerdéngs, genau wéi den Internationalen Olympesche Comité (IOC), keng Zweiwel un der geplangter a sécherer Duerchféierung. D’Europäesch Unioun huet Japan en Donneschdeg d’Liwwerung vun iwwer 100 Milliounen Impfdosissen zougesot, fir zur Sécherheet vun de Summerspiller an der Populatioun bäizedroen. Domat kéinte ronn 40 Prozent vun den 126 Millioune Japaner zweemol geimpft ginn.
Spectateuren aus dem Ausland sinn zwar net zougelooss, allerdéngs reesen Dausenden Sportler a Betreier aus ronn 200 Länner un. Ob japanesch Fans d’Competitiounen op der Plaz kënne verfollegen, steet nach net fest.
Iwwerdeems huet de Gouverneur vun der Präfektur Chiba no bei Tokio matgedeelt, datt een de Fakellaf, dee vum 1. Juli u geplangt war, ofgesot hätt. Bis den 3. Juli sollten 258 Leefer a Leeferinnen d’Olympescht Feier duerch d’Stad Chiba droen. Dat ass dann elo schonn déi 2. Präfektur no Fukuoka, déi op de Fakellaf verzicht. A weidere Präfekture gëtt en deelweis ouni Spectateuren organiséiert.