Dem Julie Meynen hunn op den 50 Meter Kraul nëmmen een Honnertstel gefeelt, fir sech fir d’Olympesch Spiller ze qualifizéieren. D’Schwëmmerin aus dem COSL-Elittekader war Tokyo sou no, mä zanter der Corona-Kris ass alles wäit ewech. Am Moment kann d’Julie Meynen mol net an engem Baseng trainéieren. D’Studentin ass aktuell am Bundesstaat Alabama an Amerika a probéiert esou gutt ewéi méiglech, fit ze bleiwen.
Auburn University. Hei verbënnt d’Julie Meynen zanter 2016 Studien a Sport. D’College-Championnat ass wuel ofgesot ginn, mä dofir ass déi 22 Joer al Lëtzebuergerin a 5 verschiddenen Disziplinne vum Verband zum All American gewielt ginn. Et war dat awer déi eenzeg gutt Nouvelle an de leschte Wochen.
“Ech géif léien, wann ech géif soen, dass déi Kris mech net immens betrëfft. Ech hätt an engem Mount mäin Diplom kritt, wier an 3 Woche meng leschte Course fir meng Uni geschwommen an hätt a Kanada probéiert, meng A-Norm fir Olympia ze schwammen. Ech hat e Plang fir de ganze Summer an deen ass natierlech an d’Waasser gefall. An dat ass net einfach ze akzeptéieren.”
Zanter enger Woch an nach bis den 30. Abrëll mussen déi knapp 70.000 Awunner vun Auburn doheem bleiwen. D’Julie Meynen probéiert, e gereegelten Dagesoflaf ze behalen. Dobäi huet d’Studentin elo och mol Zäit fir Saachen, déi si net sou dacks mécht. D’Julie Meynen hat natierlech och d’Optioun, op Lëtzebuerg zeréckzekommen, mä huet sech wéinst der grousser Ongewëssheet decidéiert, an Amerika ze bleiwen.
“Ech fille mech sécher hei. Et ass eng Studentestad a vun deene sinn déi meeschten net hei. Mir hunn wéineg Fäll am Alabama. Mir hu genuch z’iessen an eis Trainere mellen sech all Dag bei eis.”
D’Julie Meynen probéiert esou gutt ewéi méiglech, fit ze bleiwen. Méi ewéi Fitness a Kraafttraining ass awer de Moment net méiglech. Et feelt natierlech de Kontakt mam Waasser. Mä dat ass eben net ze änneren. Weder zu Lëtzebuerg nach zu Auburn.
“Leider kann ech d’Situatioun net kontrolléieren, dofir huet et kee Wäert, sech en decke Kapp ze maachen, wann een 1, 2 oder 3 Méint net richteg schwamme kann. Et gi Saachen an eisem Liewen, déi méi wichteg sinn ewéi de Sport an dat ass eis Gesondheet. An dofir bieden ech d’Leit, sech un d’Reegelen ze halen, fir doheem ze bleiwen, fir dass mer esou séier ewéi méiglech nees an eisen ale Rhythmus kënne kommen.”
Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’Zukunft Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen