BGL BNP Paribas Luxembourg OpenKiki Bertens bei der Editioun 2021 mat dobäi

RTL Lëtzebuerg
Den Tennistournoi op der Kockelscheier gëtt vum 11. bis den 19. September organiséiert. D'Präisgeld vum Tournoi läit bei 250.000 US-Dollar.
Kiki Bertens bei der Editioun 2021 mat dobäi
Den Tennistournoi op der Kockelscheier gëtt vum 11. bis den 19. September organiséiert. D’Präisgeld vum Tournoi läit bei 250.000 US-Dollar.

1996 ass deen éischte WTA-Dammentournoi op der Kockelscheier gespillt ginn. D’lescht Joer wollten d’Organisateure vun der IWPT eigentlech de 25. Gebuertsdag vum Tournoi feieren, mee d’Editioun 2020 huet wéinst der Pandemie missen ofgesot ginn. Vum 11. bis de 19. September 2021 soll awer alles nogeholl ginn.

En Dënschdeg war déi éischt Pressekonferenz an do goufen dann och déi éischt Annoncë gemaach. Mam Kiki Bertens (WTA 17) gouf een éischten Numm vun enger Toppspillerin bekannt ginn. Mat dobäi ass och d’Mandy Minella, déi jo no dëser Saison e Schlussstréch ënnert hir Karriär zitt.

Am Kader vun enger Gala den 12. September an der Philharmonie kritt d’Julia Görges de Jana Novotna Award vun 2020 iwwerreecht. Bei der Editioun 2021 geet den Award un d’Ana Ivanovic.

D’Editioun 2021 gëtt vum 11. bis den 19. September organiséiert. D’Präisgeld vum Tournoi läit bei 250.000 US-Dollar.

Back to Top
CIM LOGO