Europa LeagueKloer Victoirë fir Leverkusen a Liverpool, Remis fir Union Saint-Gilloise

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg war den éischte Spilldag vun der neier Europa-League-Saison.
© AFP

Leverkusen ënnersträicht seng staark Form a wënnt 4:0 doheem géint Häcken. Den FC Liverpool huet mat 3:1 zu Linz gewonnen. Panathinaikos huet iwwerdeems iwwerraschend mat 2:0 géint Villareal gewonnen. D’Union Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris ass net iwwert en 1:1 géint Toulouse erauskomm.

An engem spektakuläre Match trenne sech Ajax Amsterdam a Marseille 3:3. Den SC Freiburg wënnt e knappe Match um Enn mat 3:2 géint Olympiakos Piräus. Mam nämmlechte Resultat huet sech AEK Athen géint Brighton duerchgesat.

Alleguerten d’Resultater am Iwwerbléck

Alleguerten d’Tabellen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO