
Norwich - Totthenham 2:2
1:0 Vrancic (18.’), 1:1 Eriksen (55.’), 2:1 Aurier (81.’, Selbstgol), 2:2 Kane (83.’, Eelefmeter)
Den Tabelleleschten aus Norwich huet gutt mat Tottenham matgehalen a couragéiert no vir gespillt. An der 18. Minutt konnten se dann och mat 1:0 a Féierung goen. An der 36. Minutt hätt et missen den 2:0 sinn mee den Arbitter huet mat Hëllef vum VAR op Abseits entscheet. Nodeems den Eriksen den 1:1 schéisse konnt, ass Norwich an der 61. Minutt nees mat 2:1 a Féierung gaangen an dat duerch e Selbstgol vum Aurier. Mat engem Eelefmeter an der 83. Minutt konnt de Kane awer nach 1 Punkt fir d’Ekipp vum Mourinho retten.
West Ham - Leicester 1:2
0:1 Iheanacho (40.’), 1:1 Pablo Fornals (45.’), 1:2 Gray (56.’)
No der däitlecher Néierlag géint Liverpool huet Leicester sech nees erkritt a mat enger B-Ekipp 2:1 géint West Ham United gewonnen. An der Tabell hu se domadder hir 2. Plaz viru Manchester City verdeedegt an hunn 10 Punkte Réckstand op Liverpool mee d’Ekipp vum Jürgen Klopp huet allerdéngs 2 Matcher manner gespillt.
Burnley - Manchester United 0:2
0:1 Martial (44.’), 0:2 Rashford (90.+5.’)
An engem knappe an emkämpfte Match mat 2:0 duerch e Gol vum Martial an der 44. Minutt. Burnley koum net oft geféierlech virun de Gol a Manchester huet oft gutt Chance verginn fir de Match ze entscheeden. Réischt an der 95. Minutt ass dem Rashford den 2:0 gelongen an domadder war de Match entscheet.