Tennis: David CupLëtzebuerg spillt géint Monaco, Irland a Malta

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg war d'Auslousung vun der Gruppephas vum Davis Cup.
© AFP (Archiv)

Am Europa Grupp III spillt Lëtzebuerg am Grupp B géint Monaco (Freideg, 18. Juni), Irland (Mëttwoch, 16. Juni) a Malta (Donneschdeg, 17. Juni).

Den Ufank vun all Match ass fir 10 Auer (CET) programméiert. Gespillt gi jeeweils 2 Eenzel an 1 Dubbel.

De Kapitän Gilles Muller hat fir Lëtzebuerg de Raphael Calzi, Alex Knaff, Alexander Marinov a Chris Rodesch nominéiert.
Am Grupp A spille Georgien, Zypern an Island.

Back to Top
CIM LOGO