Sportkeelen World Cup vun de Landesmeeschter zu Dampicourt (B)Lëtzebuerger Ekipp "KSC Honnerter-Performance Déifferdeng" ganz uewen um Podium

Andy Brücker
Et ass fir déi véierte Kéier an der Veräinsgeschicht, dass si sech deen Titel séchere kënnen.
© Jean-Marc Hoffmann

Dëse Weekend gouf zu Dampicourt an der Belsch de World Cup vun de Landesmeeschter vun der Saison 2024-2025 am Sportkeelen ausgedroen.

Bei den Hären huet sech de “KSC Honnerter-Performance Déifferdeng” iwwerraschend a ganz knapp virum däitsche Meeschter KF Oberthal duerchgesat. Déi drëtt Plaz goung un d‘Lokalekipp vum QC Dampicourt.

Fir den Déifferdenger Club ass et no 1972, 1988 an 2001 di 4. Kéier, bei där ee sech den héchste Clubtitel séchere konnt.

Bei den Dammen ass den “Joker 86" op déi drëtte Plaz komm. Gewonnen huet den däitsche Meeschter KSV Remscheid virum brasilianesche Meeschter vu Novo Friburgo.

PDF: World Cup 2025 - Iwwersiicht vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO