E Samschdeg, den 2. Mee gëtt déi éischt Course iwwer 112,4 Kilometer zu Garnech gefuer. Daags drop sinn op engem Parcours ronderëm Zéisseng 121,6 Kilometer ze fueren.
5 World-Tour-Ekippen an 2 Pro-Tour-Ekippen si bei der Editioun 2026 dobäi. Am Ganze sinn 19 Ekippen engagéiert.
Sechs Lëtzebuergerinne si mat um Depart. D'Marie Schreiber (SD Worx-Protime), Layla Barthels (KDM - Pack Cycling Team vzw), Gwen Nothum (Minimax Cycling Team) , Nina Berton, Lena Lallemang souwéi d’Maïté Barthels (Mixed-Ekipp Lëtzebuerg/Island).
Samschdeg, 2. Mee 2026
14:30 Auer: Garnech - Garnech, 112,4 KM
mat Commentaire op englesch vu 14:30 Auer un vum Owen Rogers a Christine Majerus
Sonndeg, 3. Mee 2026
14:30 Auer: Zéisseng-Zéisseng, 121,6 KM
mat Commentaire op englesch vu 14:30 Auer un vum Owen Rogers a Christine Majerus