Nations League: Lëtzebuerg-TierkeiLuc Holtz: "Mussen eisen Niveau hiewen, wa mir hinne wëlle Paroli bidden"

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend spillen d'Rout Léiwen am ausverkaafte Stade de Luxembourg hiren drëtte Match an der Futtball-Nations-League.
© Val Wagner (Archiv)

D’Pressekonferenz vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp am Virfeld vun der Partie géint d’Tierkei, déi fir e Samschdeg den Owend programméiert ass, war e Freideg den Owend am Stade de Luxembourg mat uschléissendem Training. De Luc Holtz an den Danel Sinani ware present.

Virschau Lëtzebuerg - Tierkei / Reportage Serge Olmo

D’Virfreed, am volle Stadion unzetrieden, ass natierlech grouss fir d’Lëtzebuerger. Op der Pressekonferenz hunn esouwuel den Trainer wéi och de Buteur vun enger ganz staarker tierkescher Formatioun geschwat.

No den zwou Auswäertsvictoiren an den zwou éischte Partië vun der Nations League ginn d’Rout Léiwe mat enger gewëssener Confiance an den Duell mam Favorit vum Grupp 1 an der Liga C.

Den Nationaltrainer wëll sech am Grupp nom gelonge Start vun der Campagne awer net ënner Drock setzen.

Mir hunn dat bis elo excellent gemaach déi zwee Matcher. Mir stinn am Moment op enger zweeter Plaz, sou mir fueren elo op eiser Linn weider, déi mir bis elo ugaange sinn a mir probéieren dat och muer den Owend [Samschdeg] hei ofzeruffen. Mir mussen awer natierlech alleguer och nach eng Kéier eisen Niveau hiewen, wa mir hinne wëlle Paroli bidden. Alles anescht wéi eng tierkesch Victoire muer den Owend [Samschdeg] wier anormal.

Béid Ekippen hu bis elo an hiren zwee éischte Matcher nach kee Gol kasséiert. D’Visiteuren hunn esouguer e Golverhältnis vun 10:0 no den zwou däitleche Victoirë géint d’Färöer Inselen a Litauen. Et ass dem Danel Sinani bewosst, datt d’Tierkei favoriséiert ass. De Spiller, deen dës Saison zu Huddersfield an England aktiv war, geet natierlech awer mat gewëssenen Ambitiounen an de Match.

Mir hu keng Angscht, géint si unzetrieden. Natierlech, ech mengen, wann een all drëtten Dag e Match spillt, muss ee sech physesch gutt erhuelen, fir ebe kënnen ze starten. Ech mengen ech kann do gutt matschwätzen, well ech weess wéi et ass, wann een all drëtten Dag spillt, an do muss een dat einfach gutt geréiert kréien.

D’Ekipp vum Trainer Stefan Kuntz ass och op der Plaz 43 am FIFA Ranking, d’FLF-Selektioun ass op der Plaz 94. Den däitschen Trainer a fréieren Internationale weess, datt Lëtzebuerg de schwéierste Géigner aus dem Grupp ass. De fréiere Stiermer war ganz laang zu Kaiserslautern aktiv. Op der Pressekonferenz huet de Kuntz ze verstoen ginn, datt hie Lëtzebuerg natierlech gutt observéiert, dëst well hien eis d’Land e bëssen als Noper gesäit, mee och well hei puncto Futtball e gudden Job gemaach gëtt.

Natierlech kucken ech op mäin Nopeschland, well et net wäit vu mir ewech ass, mee och well dir e gudden Job maacht.

Fir d’Partie vun e Samschdeg ass den Edvin Muratovic, deen a Litauen nach am Onze de Base war a sech blesséiert huet, definitiv out.

E Samschdeg den Owend um 20.45 Auer ass dee wichtege Rendez-vous an der Nations League géint d’Tierkei. De Stadion ass ausverkaaft. Dir kënnt d’Partie bei eis esouwuel op der Tëlee wéi um Radio an och op eisem Site live suivéieren.

Virschau 2 Lëtzebuerg - Tierkei / Reportage Serge Olmo

Ofschlosstraining am Stade de Luxembourg
Ofschlosstraining am Stade de Luxembourg
© Serge Olmo

Back to Top
CIM LOGO