Onroue bei Diddeleng-GéignerMalmö FF trennt sech vum Trainer Milojevic

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virum Allersmatch an der Europa League-Qualifikatioun tëscht dem F91 Diddeleng an dem Malmö FF, trenne sech d'Schweden vun hirem Trainer.
© Andreas HILLERGREN / TT NEWS AGENCY / AFP

Dëst huet de Veräin e Freidegmëtteg op sengem Veräinsinternetsite public gemaach. Den 39 Joer ale Serb Milos Milojevic, deen de Veräin ufanks des Jores iwwerholl huet an d’schwedesch Coupe gewannen konnt, dierf sech deemno en neie Veräi sichen. Dëst nodeems Malmö e Mëttwoch komplett iwwerraschend géint Zalgiris Vilnius an der Champions League-Qualifikatioun rausgeflunn ass.

Et ass probabel, datt géint Diddeleng nach keen neien Trainer un der Säitelinn stoe wäert. Bis dohi wäert den Andreas Georgson, de Sportdirekter, d’Ekipp trainéieren.

Back to Top
CIM LOGO