HarelGespär vu Bauerenhaff a Brand, preventiv gouf eng Warn-SMS erausgeschéckt

Bakir Demic
Zanter en Donneschdeg den Owend ass zu Harel an der Rue Berg e Pompjeesasaz amgaangen. Dat wéinst engem Feier an engem Bauerenhaff.

Wéi eis de CGDIS op Nofro confirméiert, brennt d'Gespär vun engem Bauerenhaff, deen den Ament renovéiert gëtt. Wéinst der Damp-Entwécklung ass fir de Beräich Harel och eng Warn-SMS erausgeschéckt ginn, dat géint 18:30 Auer. Dës ass just u Persoune gaangen, déi an där Géigend wunnen.

E Screenshot vun der Warn-SMS, déi Persounen am Gebitt Harel kruten.
E Screenshot vun der Warn-SMS, déi Persounen am Gebitt Harel kruten.
© RTL Mobile Reporter

Persoune si beim Feier keng zu Schued komm, d'Läschaarbechte si Stand 20 Auer nach amgaangen.

Back to Top
CIM LOGO