
Op der Europameeschterschaft am Cyclissem a Slowenien gouf et e Mëttwoch beim Contre-la-Montre vun der Dammen-Elite eng Victoire vum Marlen Reusser. D‘Schwäizerin konnt sech mat enger Avance vun 23 Sekonnen virum Demi Vollering duerchsetzen. D‘Nina Berton koum als bescht Lëtzebuergerin op Plaz 13 an hat ee Retard vun 3 Minutten a 36 Sekonnen. D‘Marie Schreiber klasséiert sech op Plaz 16.
Am Eenzel-Zäitfuere bei de Junior-Damme koum d'Elena Lopes e Mëttwoch mat engem Retard vun enger Minutt an 8 Sekonnen op déi 9. Plaz. D'June Nothum gouf déi 23. op 3 Minutten an eng Sekonn.
Bei den Hären koum de Maximilien Outlet op déi 34. Plaz, den Dave Cichy op déi 39. an den Thibault Hansen op déi 50. Plaz.
Bei den Dammen ënner 23 Joer gouf d'Gwen Nothum déi 15. an d'Liv Wenzel ass op Plaz 16 gefuer.