
Et ass nieft dem Tour de France, dat gréisste Sportsevenement wat an den nächste Wochen ass. Wéinst dem Coronavirus ass dat awer alles anescht wéi evident.
Eng Partie vu Spiller hunn nämlech schonns am Virfeld Forfait erkläert. Ënnert anerem de Gewënner vum leschte Joer Rafael Nadal a bei den Dammen och déi aktuell Nummer 1 op der Welt Ashleigh Barty. Wéinst dem Covid-19 wëlle si kee Risiko agoen. Fir d'Lëtzebuerger Nummer 1, Mandy Minella, déi wéinst der Schwangerschaft souwisou net zu New York gespillt hätt, ass et awer wichteg, dass den Tournoi organiséiert gëtt.
"Et ass wichteg, dass d'US Open gespillt ginn, fir dass d'Spiller, d'Trainer an och all déi Leit hannert de Kulissen hiren d'Job kënne maachen a Sue verdéngen. An och fir dass den Tennis weider populär a bestänneg bleift, fir dass dat nächste Joer nees eng ganz Turnéier-Landschaft ka gespillt ginn."
Fir d'Mandy Minella ass et awer och kloer, dass d'US Open just eng Drëps um waarme Stee sinn.
"Et däerf een net vergiessen, dass just d'Haaptfeld bei de US Open gespillt gëtt an dass vill Tennisspiller nach ëmmer keen Job hunn. Dass et nëmmen 120 Spiller sinn, déi do kënne matmaachen an d'Tennis-Landschaft ass nach laang net do, wou se virdru war."
3 Spiller aus den Top 10 bei den Hären hu fir d'US Open Forfait erkläert. A bei den Damme sinn et der esouguer 6 aus den éischten 10. D'Mandy Minella huet Versteesdemech fir déi Decisiounen.
"Ech kann et verstoen, dass vill Spiller de Risiko nach net wëllen agoen, ze reesen, a sech nach net villen, fir op Tennistournoien ze fléien. Ech fannen et awer gutt, dass een de Choix huet. Et kann also jiddweree maache wéi hie wëllt."
D'Mandy Minella huet och nach gesot, dass si wéinst der Schwangerschaft frou ass, d'Decisioun net huet mussen ze huelen, fir bei de US Open ze spillen oder net.
Eppes dierft sécher sinn an dat ass, dass an den nächsten Deeg a Woche vill driwwer diskutéiert wäert ginn, ob den Tournoi wéinst der Corona-Pandemie hätt dierfe gespillt ginn oder net. Fir déi fréier Nummer 1 hei zu Lëtzebuerg, Gilles Muller, ass et wichteg fir den Tennis, dass d'US Open sinn.
"Wann ee kuckt, wéi et an Amerika ass an da wëlle si awer esou een Tournoi duerchzéien, dat weist schonns, wéi wichteg et fir den Tournoi ass, dass iwwerhaapt gespillt gëtt. Et goufe jo vill Kompromësser gemaach: Et däerfe keng Zuschauer do sinn, et däerfen nëmmen esou vill Leit mat op de Site goen, d'Spiller mussen a Quarantän. Dat heescht et si schonns ganz streng Mesuren an et weist, dass et iwwerliewenswichteg fir den Tournoi ass, dass dee gespillt gëtt."
