French OpenMandy Minella steet am 2. Tour vun der Qualifikatioun

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet d'Mandy Minella sech souverän géint d'Réka-Luca Jani aus Ungarn behaapt.
© pressphoto (Archiv)

Zanter e Méindeg leeft d’Qualifikatioun fir de Grand-Slam-Toournoi vu Roland-Garros. Fir d’Mandy Minella (WTA 207) gouf et en Dënschdeg eng éischte Kéier eescht. D’Lëtzebuergerin ass am 1. Tour vun der Qualifikatioun op d’Ungarin Réka-Luca Jani (WTA 184) getraff. Um Enn gouf et eng kloer Victoire an zwee Sätz mat 6:2 a 6:3.

Am 2. Tour vun der Qualifikatioun kritt d’Minella et elo mam Irina Bara (WTA 122) aus Rumänien ze dinn. D’Partie ass e Mëttwoch als lescht Partie um Court 9 geplangt.

Back to Top
CIM LOGO