
De Marius Lindvik huet dat lescht Schisprange virun den Olympesche Wanterspiller zu Peking gewonnen. Zu Willingen huet sech de Norweger mat Spréng op 140,5 an 144,5 Meter virum Däitsche Karl Geiger duerchgesat.
Komplettéiert gëtt de Podium vum Cene Prevc. De Slowen louch virum zweeten Duerchgang nach a Féierung.